Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,
Et gëtt verschidde Fassonge fir e Parlament ze beleidegen. Ech beherrsche keng vun deenen. Mä eng dovu wier, fir ze erklären, wourëms et bei enger Debatt geet, well ech wëll dovun ausgoen, an ech mengen dat och maachen ze kënnen, datt déi Décisiounen, déi d’Staats- an d’Regierungschefen den 8. an 9. Dezember zu Bréissel geholl hunn, dësem Haus am Detail bekannt sinn. Si si jo publizéiert ginn, si si beschriwwe ginn, si si kommentéiert ginn, si si kritesch bewäert ginn, an ech mengen duefir wier et iwwerflësseg fir am Detail dee ganzen Tapis ofzerullen, wou déi Stécker drop ze fanne sinn, déi d’Décisiounsmass vum 8. an 9. Dezember ausmaachen.
Duefir wëll ech just e puer allgemeng Bemierkunge maachen, an eenzel spezifesch Commentairë maachen.
Ech wëll fir d’éischt soen, just fir den atmosphäresche Kontext vun dëser Debatt, a vun all deem wat déi lescht Woche geschitt ass, ze rétabléieren, datt mir et entgéint deem, wat an den Zeitungsiwwerschrëften heiansdo steet, et net mat enger Eurokris ze dinn hunn.
Eis Währung ass net a Gefor, net an hirem Ensembel, an net an hiren Detailimplikatiounen, fir déi Leit, déi déi Währung hir eegen nennen. Mir hunn et hei mat enger Verschëldungskris an eenzelne Länner vun dem Euro-Währungsgebitt ze dinn. An et geet drëm fir erëm Vertrauen an déi Währungsunioun, an dat Währungsgebitt zeréckzebréngen.
D’Vertraue vun de Finanzmäert fir d’éischt, jo, dat si wichteg Akteuren, e bësse méi wéi Co-Akteuren vun der aktueller Situatiounsbegradegung. Mä ech hunn net ganz gäre wann d’Politiker an Europa soen, ech maachen dat och heiansdo, well ech muss mech jo dem Slang upassen, datt hei alles muss gemaach ginn, fir d’Vertraue vun de Finanzmäert erëmzekréien. D’Finanzmäert si wichteg, si hunn heiansdo gutt Argumenter, heiansdo hallef gerechtfäerdegt Reflexer, mä si sinn eis namentlech eigentlech net bekannt. Mir schwätze vun de Finanzmäert, wéi wann dat Leit wieren, déi mir géifen duzen. Ech begéine vill Finanzmaartakteuren, vill Analysten, mä ech mengen net, datt ech d’Finanzmäert géif identifizéiere kënnen.
Mir geet et bei all deem wat mir maachen, hei an zu Bréissel, drëm, fir emol d’Vertraue vun de Mënschen an den europäesche Projet an an déi europäesch Währung zeréckzegewannen. Ech setzen éischter op d’Vertrauenzeréckgewënnung bei de Mënschen, bei de Bierger an der Eurozon, wéi op d’Zeréckgewanne vum Vertraue vun de Finanzmäert. Wa mir dat kréien, tant mieux!
Wa mir dat Vertraue vun de Finanzmäert erëmkréien, ouni parallel gläichzäiteg dozou d’Vertraue vun de Mënschen erëmzekréien, dann ass déi Aarbecht, déi mir amgaange sinn ze maachen, nëmmen hir Halschent wäert.
Dat wat mir déi lescht Woch zu Bréissel, den 8. an den 9. gemaach hunn, dat ass entgéint deem wat méi Opgereegter als Message an d’Welt erausginn, keng endgülteg Léisung vun der Fro, mat där mir et hei ze dinn hunn.
Et ass d’Schafung vun deenen noutwennege Grondviraussetzungen, déi mir brauche fir Schrëtt fir Schrëtt, am Kader vun engem sech op eng laang Zäit hinzéiende Prozess mat där Kris hei fäerdeg ze ginn. Duefir ass dat, wat mir d’lescht Woch décidéiert hunn, um Niveau vun de Staats- a Regierungschefen, ouni all Zweiwel obwuel keng endgülteg Léisung, dach awer ee Schratt an déi richteg Richtung, well mir déi zukünfteg Grondarchitektur no Iwwerpréiwung besser kënne beschreiwen, an duerstellen; well mir dem Wuessen, an dem Ginn an der Währungszon méi Prévisibilitéit bäibruecht hunn; well mir et fäerdegbruecht hunn op eng, wéi ech fannen, partiell onkomplett Aart a Weis d’Intersektioun tëscht der Soliditéitsleeschtung vun deenen, déi an der Vergaangenheet net richteg gewirtschaft hunn, an der Solidaritéitsnoutwennegkeet vun deenen, déi sech besser stinn, ze ameubléieren.
Et ass kee Befreiungsschlag, dee mir en Donneschdeg, an e Freideg gemaach hunn. An ech si ganz zeréckhalend bei der Attributvergebung “historesch�?, well ech hunn u schonn esou vill historesche Sommetë deelgeholl, datt ech vun e lauter Geschicht ënnerginn. An net all Sommet ass ee Sommet! Il y a parfois des sommets, qui ne sont que des collines.
Dat wat mir déi lescht Woch gemaach hunn, war éischter ee Sommet. Mä et muss een awer wëssen, datt mir do iwwer vill Hiwwelen hu misse goen, an datt och erëm vill Hiwwelen hannendru kommen. Hei sinn effektiv Biergsteigerqualitéite verlaangt, mä et sinn awer och Marathonleeferqualitéiten verlaangt bei der Bewältegung vun där globaler Kris, an där hirem Epizentrum Europa total onverdéngterweis steet, déi hei gefrot sinn.
Ech soen onverdéngterweis si mir am Epizentrum vun enger globaler Kris, well eis Fundamentaldaten, op déi soss d’Finanzmäert an d’Ratingagenturen, an aner Guruë vun dëser Welt zevill Gewiicht leeën, jo an Europa däitlech besser sinn, wéi op anere Plazen an der Welt. An de Vereenegte Staate vun Amerika – ech si strikt onfäeg fir systematesch anti-amerikanesch Reflexer ze kultivéieren – sinn d’Budgetsdefiziter an d’Verschëldungsstänn méi héich wéi am Duerchschnëtt vun der Währungszon. Dat selwecht trëfft zou fir Japan, déi beispillsweis 200% Staatsschold hunn. Dat hunn d’Italiener ni fäerdegbruecht, 200% Staatsschold ze accumuléieren. Dat ass och wouer fir dat vereenegt Kinniksräich déi aner Säit vum Kanal.
An anere Wierder, dat hei ass keng Totalléisung, et ass kee Befräiungsschlag, mä et ass d’Setze vu richtege Schrëtt an déi richteg Richtung, déi eis et lues a lues erlaben, wa mir keng Feeler maachen, zu positiv konklusive Resultater ze kommen.
Mir hunn een zwëschestaatleche Vertrag an d’A gefaasst, eis op de Prinzip vun deem selwechte gëeenegt d’lescht Woch zu Bréissel. Dat ass keng Ofännerung vum Vertrag iwwer d’Europäesch Unioun, duefir brauche mir 27 Staaten. Dat ass en zwëschestaatlecht Arrangement tëscht, op jiddwerfalls deene 17 Euro-Staaten, plus wahrscheinlech, mä net sécher, 26 EU-Staaten, well Groussbritannien jo fir sech selwer décidéiert huet, dee Vertrag, dee bis de Mäerz 2012 muss ënner Dach a Fach sinn, net positiv matzegestallten, mä sech selwer aus deem selwechten ausschléissend matzebegleeden.
Mir wier et léiwer gewiescht, an et war och d’Positioun vun der lëtzebuerger Regierung, mir hätten dee Vertrag zu 27 gemaach.
Ech genéissen dat guer net, an huelen och net Deel un, mir hu kee richtegt lëtzebuergescht Wuert duefir, un där Häme, déi elo iwwer déi britesch Regierung do erabrécht, zu Recht, déi muss zu Recht kritiséiert ginn, mä et soll een net feieren, datt mir et net fäerdegbruecht hunn zu 27 een neien, net extensiven, mä limitéierte Vertrag ze maachen.
Divisioun ass net gutt fir Europa, Divisioun ass net gutt fir eis, an Divisioun ass och net gutt fir England.
Mä déi Tatsaach, datt mir net zu 27 eens gi sinn, stellt eis virun ee gewaltege juristesche Problem, deen éischter an der aktueller Kommentéierung vun deem wat d’lescht Woch zu Bréissel geschitt ass, ënnerbeliicht bleift.
Wéi mécht een dat, fir Artikelen aus engem Vertrag zu 27, ausserhalb, an engem Vertrag zu 26 esou ofzeänneren, datt se op déi 26 applizéiert, an vun deem 27. an der Applikatioun net ka verhënnert ginn? Dat ass méi wéi eng Knobelaarbecht, déi d’juristesch Servicer vun der Kommissioun, a vum Conseil, och vum Parlament, wéi ech weess, de Moment ze erleedegen hunn.
An un där Léisung vun deene juristesche Problemer schaffe mir, woubäi een net de Feeler soll maachen, wéi dat lafend och an der europäescher Press geschitt, dee Virgang hei mat den Ufanksstonne vum Schengevertrag ze vergläichen. Schengen huet op der grénger Wiss ugefaangen. A mir ware fräi fir ze maache wat mir wollten. An hei fänke mir an engem Vertrag un, deen alles anescht wéi eng gréng Wiss ass. A mir mussen e bal total, wat d’Zuel vun den ënnerschreiwende Memberstaaten ubelaangt, änneren. An duefir si mir der Meenung, an der lëtzebuerger Regierung, datt alles muss gemaach ginn an nächster Zäit, esou séier wéi méiglech, fir aus deem Vertrag, dee mir eis apprêtéieren zu maximal 26 ofzeschléissen, ee Vertrag zu 27 ze maachen, fir datt mir keng juristesch Grondlinnen duerch Europa zéien, déi sech, eng par rapport zu där anerer, ausernee bewegend an d’Zukunft eran orientéieren.
Ech wëll zu e puer Substanzdeeler vun der Décisioun vum leschten 8. an 9. Dezember eppes soen. Ech weess ni richteg, wéini datt déi Décisioune gefall sinn, (…) anerer konnte sech schonn dorun erënneren, datt mir genee 20 Joer virdrun den 9. Dezember de Maastrichter Vertrag ofgeschloss hunn. Mä well ech deen Eenzege sinn, deen dee Vertrag iwwerlieft huet, war d’Zuel vun deenen, déi dat genee wossten, relativ kleng. Ech weess also net, ob déi Décisiounen op den 8. oder den 9. Dezember ze datéiere sinn, mä ech wëll zu Eenzelnen eppes soen.
Fir d’éischt wëll ech an Erënnerung ruffen – dat ass nämlech ënnergaange bei der als historesch beschriwwener Begeeschterung vun Eenzelnen, ech géif dat net esou aklassifizéiert wëlle gesinn – datt mir eis schonn an de leschte Méint op dee berühmte Six-Pack gëeenegt hunn. An all Politiker schwätze vum Six-Pack, a wonnere sech dann driwwer datt kee Mënsch méi an Europa versteet, wat mir dann eigentlech do schwätzen.
Ech wëll iech just soen, de Six-Pack deen hu mir ugeholl, an do geet et am Wiesentlechen em en ongenügend – an duefir ass dat elo verbessert ginn – Renforcement vun der Budgetsdisziplin. Dobäi geet et am Wiesentlechen em d’Regelen, déi d’Koordinéierung vun der gemeinsamer Wirtschaftspolitik sollen encadréieren, bis hin zu der Behandlung vu makro-ekonomeschen Ongläichgewiichter, wat keng onwichteg Fro ass an enger Währungsunioun. Obschonn déi makro-ekonomesch Ongläichgewiichter an der Eurozon net méi grouss sinn, wéi déi makro-ekonomesch Ongläichgewiichter an dem US-Dollarraum. Mä mat deene Froe beschäftege mir eis.
An ech denken och, datt de Finanzminister eng Sonderdebatt an der Finanzkommissioun, an duerno hei am Plenum, iwwer déi Aspekter féiert, well dat muss jo alles an eis national Legislatioun, no Debatt, iwwergefouert ginn.
Jiddwerfalls ass et richteg, de Six-Pack mécht d’Sanktiounen, d’Ausernanersetzungmechanisme mat sech net korrekt par rapport zu de Regele behuelende Memberstaate vun der Europäescher Unioun méi séier, ass méi präventiv, an ass, ergo, och méi effizient am Ëmgank mat Dérappagen, déi et an der Haushaltspolitik vun deenen eenzelnen Euro-Memberstaate ka ginn.
Mir hunn eis zu Bréissel, ee Joer ze spéit, op een total richtegen Ëmgank mat de Sanktiounen, déi géint déi Memberstaaten ze ergräife sinn, déi sech net un d’Regelen halen, gëeenegt.
Et ass eis gelongen – an ech gehéieren net zu deenen, déi ëmmer soen, ech hu mech duerchgesat, mir hu gewonnen, et gëtt kee Raum wou et méi Gewënner gëtt, wéi de Raum an deem d’europäesch Staats- a Regierungschefe sech zesummefannen, an ech héieren ni een, dee gesot huet, ech hu verluer. Duefir ass dat eigentlech ondiplomatescht Gebraddels, fir ëmmer ze soen, ech hu gewonnen, an déi aner hunn noginn. Wat ass dat fir eng Opfaassung vun europäesche Saachen, datt déi eng sech duerchsetzen, an déi aner verléieren? Dat ass jo eng Aart a Weis fir mateneen ëmzegoen, a fir d’Leit och spieren ze di wéi Europa fonctionnéiert, déi total niewent dem Dill läit.
Mä et ass eis gelongen, eis alleguer, fir sécherzestellen, datt d’Sanktiounë géint d’Memberstaaten, déi zevill Defizit maachen, datt déi méi automatesch ginn doduerch, datt wann d’Kommissioun feststellt, datt ee Memberstaat ee vill ze héijen Defizit huet, déi Décisioun fir déi an eng exzessiv Defizitprozedur anzeweisen, besser kann doduerch geholl ginn, datt mir an Zukunft doriwwer mat ëmgedréintener qualifizéierter Majoritéit décidéieren. Wann d’Kommissioun fréier gesot huet – huele mir emol theoretesch Beispiller – Däitschland oder Frankräich hätten zevill Defizit, dann hu mir musse mat enger qualifizéierter Majoritéit där Feststellung vun der Kommissioun zoustëmmen, fir datt déi Länner konnten an eng exzessiv Defizitprozedur agewise ginn. Elo, bei der ëmgedréintener qualifizéierter Majoritéit, musse mir mat qualifizéierter Majoritéit de Befund vun der Kommissioun ooflehen, datt – fir theoretesch Beispiller ze huelen, déi sech an der Vergaangenheet jo nach ni presentéiert hunn – Däitschland a Frankräich an defizitärer Positioun wieren.
Dat ass eng massiv Stäerkung vun der Aflosszon vun deene klengen a mëttlere Staaten. Dat schléit déi Dier zou vun deem Raum, an deem déi grouss Länner sech ënnerenee verstännegt hunn, fir eng blockéiernd Minoritéit géint en däraarteg lautende Beschluss vun der europäescher Kommissioun erbäizeféieren. Dat ass mir duefir wichteg, well et eng Protektioun ass vu klenge Länner géint budgetärt Feelverhale vu grousse Länner. Dat ass eng Protektioun vu klengen a mëttlere Länner, mä dat ass net meng Antriebsfieder an Europa, mä et ass awer en Element, wat mir hei scho wichteg war, duefir ze suergen, datt mir net ofgestrooft ginn duerch d’Netbestrofe vu grousse Länner, déi Feeler maachen.
Dir wësst a wat fir engem Mooss, datt ech d’Ratingagenturen a mengem Häerz droen. Mä ofzestreiden, datt d’Ratingagenture richteg gesinn, esou wéi eise Finanzminister dat och gesot huet, datt mir Problemer an der gesamter Eurozon hunn, well eenzel Länner grouss Problemer hunn, déi mir net gemeinsam begradegt kréien, ass jo net eng wëssenschaftlech Ineptie, mä einfach ee Constat, dee sech zwangsleefeg ergëtt.
Dat heescht, wa vill Länner, a vill grouss Länner Scholde maachen, an Defizitter maachen ouni datt se gebremst ginn, da kënnt eis eege Bonitéit, eis eegen Héchstqualifizéierung duerch d’Finanzmäert, duerch d’Ratingagenturen, an duerch d’Gefill vun de Mënschen a Gefor. Ergo hu mir Interessen do drun, datt vun elo un mat ëmgedréintener qualifizéierter Majoritéit a Saachen Etappebewältegung vum Stabilitéitspakt, an notamment Antritt an d’exzessiv Defizitprozeduren, an d’Sanktiounscortègen geschitt.
Dat war d’konstant Positioun vun deenen dräi Benelux-Regierungen, déi onofhängeg vun hirer variabler Zesummesetzung dat ëmmer esou gesinn hunn. Dat ass d’Annulatioun, den Totaldementi vun engem Deel vun de Beschlëss, déi zu Deauville vun zwee Memberstaate vun der Europäescher Unioun getraff gi sinn, a géint déi d’Benelux-Staaten, a mir haaptsächlech och, an alle Prozedure vun dem Ministerrot plädéiert hunn.
An duefir si mir doriwwer extrem frou, well mir jo net dierfe vergiessen, datt nieft der Finanz- a Wirtschaftskris, déi Verschëldungskris vun eenzelne Memberstaate vun der Europäescher Unioun, an domat d’Gefärdung vun der Finanzstabilitéit vun der gesamter Eurozon haaptsächlech drop zeréckzeféieren ass, datt an eenzelne Staate vun der Währungsunioun iwwer Joerzéngten, an och an deene leschte Joeren, trotz Warnungen, an trotz intensivem Zourieden zevill Defizitter an zevill Scholde gemaach gi sinn.
De Problem vun der aktueller Verschëldungskris ass net d’Wirtschaftskris an där mir sinn, mä ass den net korrekten Ëmgang mat den nationale staatleche Finanzen an eenzelne Memberstaate vun der Währungszon. An dat gëtt an Zukunft duerch d’Verstärkung vun deene Sanktiounsmechanismen, déi méi séier kommen, a méi automatesch kommen, a méi effizient wierken, déi mir elo aféieren.
Mir hunn et och hikritt de leschten Donneschdeg a Freideg an der belscher Haaptstad, fir a Saache Bedeelegung vum Privatsecteur un der Behiewung vun de Scholdekrisen an eenzelne Memberstaaten, endlech erëm zu engem allgemeng verständleche Kloertext zeréckzekommen, doduerch datt mir deen Androck endgülteg verwëschen wéi wann ëmmer, wann ee Staat mat senger Verschëldungskris, a mat sengem Scholdestand net zerecht kënnt, de Privatsecteur, dat heescht, d’Banken, dat heescht d’Fongen, dat heescht d’Versécherungen, mussen an d’Täsch gräife fir déi Scholdekris ze behiewen.
Dat hu mir am Fall vu Griichenland gemaach, wou ech selwer och d’Verhandlungen ze féieren hat, an deem mir de Banken, an aneren erkläert hunn, dir musst 50% vun de Scholden noloossen. An ech sinn nodrécklech och do duefir, well ech soen, d’Finanzindustrie, där mir jo nëmme Merci ze soen hu fir hiert d’Behuelen déi lescht Joeren, muss och bereet si Bewältegungsresponsabilitéit ze iwwerhuelen. Ech sinn also, wann ech dat kann esou soen, ideologesch duefir, datt d’Finanzindustrie sech ëmmer muss un de Käschte vun der Kriseneliminatioun bedeelegen.
Et ass wahrscheinlech eng Iwwerraschung fir dëst Haus, wann ech hei zu Protokoll ginn, datt ech awer och lernfäeg sinn. An ech hu schonn iert mir dat a Griichenland gemaach hunn, mä do ass et net anescht gaangen, well et ass esou en exzeptionelle Fall, datt et ouni Bedeelegung vum Privatsecteur net geet, séier geléiert, datt wa mir an Europa, an der Eurozon dat eenzegt Währungsgebitt an der Welt sinn, wou vu vireran a prinzipiell, geet et em d’Behiewung vun enger Verschëldungskris, de Privatsecteur sech muss bedeelegen, mir dozou bäidroen, datt natierlech kee Mënsch, kee privaten Investisseur méi bereet ass, sech nach an iergend engem Land vun där Währungszon ze engagéieren, well e jo prinzipiell riskéiert, an iert et iwwerhaapt richteg lassgeeet, op e groussen Deel vu senge Fuerderungen ze verzichten.
Déi lëtzebuerger Banken behaapten ech wier net hire Frënd, an do iere se sech, mä ech sinn am Prinzip kee Frënd vun der Finanzindustrie, wa se sech net responsabel behëlt. An dat betrëfft an engem ganz klenge Mooss nëmmen d’Luxemburgensia, an deem wäite Feld.
Mä wann ee gesäit, datt een eng Regelung mécht, déi déi Gerechtigkeitslücke fëllt, déi doranner besteet, datt d’Leit soen, hei muss de Steierzueler bezuelen, an d’Banken droen näischt zur Bezuelung vun der Kris bäi, wann een déi doduerch fëllt, datt een awer d’Investisseuren aus Europa erausdreift, datt een déi dozou bréngt e groussen Tour ronderëm Europa ze maachen, dann ass dat net de gudde Wee.
A mir stelle fest ee grousse Kapitaloffloss an Europa, mir stelle fest, datt d’Investisseuren sech no Asien, an no aneren opstriewenden Économien dirigéieren, an net méi an Europa de Moment investéieren. Dat huet ee gären, oder et huet een et net gären, mä d’Ursaach duefir ass, datt déi Investisseuren net wëllen de Risiko lafen, datt se een Deel vun hirem Investissement verléieren, wann d’Politik sech falsch beweegt.
An duefir ass et richteg, datt mir gesot hunn, datt et net méi prinzipiell an Zukunft esou ass, mä just exzeptionnell am griechesche Fall esou war, datt de Privatsecteur sech muss finanziell duerch Verzicht un der Behiewung vun der Scholdekris bedeelegen. Zweet Annulatioun vun dem Beschloss, deen zu Deauville d’lescht Joer am Oktober getraff gi war, an ouni dee mir dat do schonn hätten in due time kënne maachen, an eis vill Misère, wéi ech fannen, erspuert hätten.
Den EFSF, dee Rettungsschirm deem säi Sëtz hei zu Lëtzebuerg ass, dee gëtt duerch Beschlëss vum Sommet vun der leschter Woch gestäerkt, doduerch datt déi Hiewelwierkungen, op déi d’Finanzministere sech schonn ee Mount virdru gëeenegt haten, eng eklatant Bestätegung fannen. An dat dréit dozou bäi, datt mir e Schutzwall, eng Feiermauer géint weider Ausbreedung vun der Ustiechungsgefor opgeriicht hunn. An dat ass noutwenneg, well aus der griechescher verfuerener Situatioun, trotz alle Beméiunge vun der griechescher Politik, an de Mënschen a Griichenland, net dierfen déi gëfteg Gasen iwwer de Rescht vum Kontinent sech hinzéien, déi mir, well se d’Leit an anere Länner och krank maachen, onbedéngt mussen un hirer Verbreedung hënneren.
D’Europäesch Zentralbank gëtt Agent vun dem europäesche Rettungsschirm. Dat heescht, datt déi technesch Expertise vun der Zentralbank, der Équipe vum Klaus Regling, déi hei zu Lëtzbuerg sëtzen, an déi den EFSF do géréieren, un d’Säit spréngt, well mir net déi Expertise am Kader vun deem Beräich bis elo hunn, déi d’Europäesch Zentralbank huet. D’Finanzmäert huelen dat méi opmierksam zur Kenntnis wéi anerer, déi sech dat erkläre musse loossen.
Deen definitiven, dee permanenten, deen dauerhaften europäesche Stabilitéitsmechanismus, deem säi Start mir virgesinn hate fir de Juli 2013, dee gëtt virverluegt, de Start, op Juli 2012, jiddwerfalls op d’Joer 2012.
An zu deem Zweck, well deen dauerhafte Schirm, dee mat 500 Milliarden Euro dotéiert ass – am Mäerz vum nächste Joer iwwerpréiwe mir, ob do musse méi grouss Zommen alignéiert ginn – deen europäesche Stabilitéitsmechanismus, well en éischter ufänkt, bréngt fir eis dann och d’Obligatioun mat sech, datt mir schonn am Joer 2012 ufänken dat Kapital anzebezuelen. Dat sinn 80 Milliarden Euro fir all Memberstaaten, op 5 Joer betruecht, opgedeelt op 5 Étappen, zu jeeweils 16 Milliarden. Dat sollt am Joer 2013 ufänken, mir mussen domat am Joer 2012 ufänken.
Ech perséinlech sinn der Meenung, et gëtt net vu jiddwerengem gedeelt, datt dat ganzt Kapital soll am éischte Joer abezuelt ginn, well mir dann einfach déi Feierkraaft zur Verfügung hunn, déi crédibel ofschreckend op Spekulante wierkt. Mä dat ass eng Décisioun, déi ech net komme gesinn, mä vun där ech awer frou wier, wa se géif kommen, well et wier eng Décisioun vum gesonde Mënscheverstand, mä wéi esou dacks schonn, stellen ech fest, datt dee gesonde Mënscheverstand an der Europäescher Unioun relativ ongläichméisseg verdeelt ass, soudatt ech mir net all zevill Illusiounen doriwwer maachen.
Dat brauch, fir datt deen ESM, deen europäesche Stabilitéitsmechanismus zum Fléie kënnt, eng Vertrags-, net Ännerung, mä Neifaassung. Mir brauchen ee Vertrag iwwer den europäesche Stabilitéitsmechanismus. Deen hunn d’Finanzminsteren esouwäit fäerdeg. Ech hu 6 Mol dëst Joer eng Sitzung vu 27 Finanzministeren geleet, fir déi Saachen do an d’Rei ze bréngen.
Elo, well mir elo eng aner Regelung getraff hunn, wat d’Privatgläubigerbeteiligung ubelaangt, well déi net méi ex-ante an a priori systematesch a prinzipiell kënnt, mä nëmme méi an der Linn vun de Praxissen vum Internationale Währungsfong ka geschéien, wat bedéngt, datt den Artikel 12 vun deem Vertrag éliminéiert gëtt a senger jetzeger Fassung, an an d’Considéranten auswandert wou de Prinzip festgeluegt gëtt, datt de Private sector involvement, also d’Bedeelegung vu privaten Investisseuren, net prinzipiell geschitt.
Dee Vertrag, esoubal wéi en ofgeschloss ass, wëlle mir, Här President, Iech selwer, an de Kollegen heibannen, spéitstens dräi Wochen no senger definitiver Verabschiedung hei virleeën, well dat ass natierlech een Engagement vu Lëtzebuerg, finanziellen Zouschnëttes, wat ouni parlamentaresch Zoustëmmung net ka gemaach ginn.
Mä deen ESM-Vertrag, dee permanente Stabilitéitsmechanismus gëtt méi flexibel doduerch gestallt, datt mir och an Oofännerung vun deem elo virleiënden Avant-projet zu deem Vertrag déi Dispositioun erausbriechen, déi wëllt, datt all Décisioune vum europäesche Stabilitéitsmechanismus mussen eestëmmeg getraff ginn. Mir soen elo, datt an Drénglechkeetsfäll mat qualifizéierter Mehrheet vu 85% kann ofgestëmmt ginn. Dat ass ee weidert Ofrécke vun hirer Positioun vun deene grousse Memberstaaten, dorënner déi zwee gréissten ënnert hinnen.
Wichteg fir eis ass, aus nationaler Siicht, datt déi Gesamtrevisioun vum Pakt, a vu senge Regelen, méi streng Regele virgesäit fir déi Staaten, déi an enger exzessiver Defizitprozedur sinn. Dat heescht, fir déi, déi entweder iwwer 60% Scholdestand, oder 3% Defizitstand leien, déi gesi sech mat enger méi staarker Conditionalitéit confrontéiert, wéi déi Staate wéi mir, mä et gëtt der net vill wéi mir, déi wäit vun deenen Defizitgrenzen nach ewech sinn, wat d’Budgetsgrenz ubelaangt.
Mir mussen awer wëssen, datt relevant ass beim ganze Pakt, eng Notioun, déi mir heiheem net vill behandelen, dat ass de medium term objective, ob lëtzebuergesch genannt, dat mëttelfristegt Finanzzil, an dat seet fir Lëtzebuerg net nëmmen, wat jo dem gesonde Mënscheverstand entsprécht, datt ee muss en ausgeglachene Budget hunn, mä seet, fir Lëtzebuerg, wéinst deenen indirekte Verbindlechkeeten, déi mir am Pensiouns- an am Rentewiesen hunn, datt mir mussen eigentlech ëmmer all Joer en Excédent vun 0,5% vum Bruttoinlandprodukt hunn.
Nun hu mir gesot als Regierung, mir wëllen e Gläichgewiicht hunn am Joer 2014 wat d’gesamtstaatlech Finanzen ubelaangt. A mir sinn dobäi aneren, déi eis net esou gutt kenne wéi mir eis selwer net wëlle gesinn, ze erklären, datt mir deen 0,5%ege Budgetsexcédent, dee medium term objective, an de Joeren 2015-2016 wëllen erreechen.
Déi Länner, déi an engem exzessiven Defizitverfahre sinn, dat heescht, déi vum Eurogrupp virgeschriwwe kréie wat se musse maache fir erëm an d’Regele vum Stabilitéitspakt zeréckzekommen, déi musse mat der Kommissioun eng Reformpartnerschaft ofschléissen, déi vum Eurogrupp ze décidéieren ass.
Da gëtt et eng ganz Discussioun iwwer eppes wat vill Leit net verstinn, a wat eigentlech am Liicht gekuckt och schlecht ze verstoen ass, dat ass déi sougenannte golden rule, oder d’Scholdebrems. Dorëms sinn elo vill romatiséierend Gedichter geschriwwe ginn.
Déi golde Regel, wat iwwerhaapt historesch guer net déi golde Regel ass, well déi golde Regel an der Finanzwëssenschaft ass, datt een net méi Scholden dierf hunn, wéi een Investitiounsausgaben huet, an hei gëtt d’golde Regel elo als déi presentéiert, déi seet, datt ee muss en ausgeglachene Budget hunn. An duefir ass de richtegen Ausdrock och Scholdebrems. Déi Regel stellt der lëtzebuerger Regierung kee Problem.
Mir hunn elo een zwëschestaatleche Vertrag, deen am gaangen ass ze entstoen. Mir hu Regelen am Stabilitéitspakt, déi ëmgeännert gi sinn, déi dat, net nëmme virtuell, mä reell virschreiwen. Dat sinn Texter, déi an der Hierarchie vun den Norme souwisou aneren Texter iwwergeuerdnet sinn, och den nationale Verfassungen, wat eng laang Debatt ass, an och eng soll sinn. An duefir bräicht een dat eigentlech net. An duefir hunn ech mech och net verausgabt, weder rhetoresch nach inhaltlech, bei der Behandlung vun där Fro bis elo.
Mir hunn elo festgehalen, datt et déi Scholdebrems soll ginn, datt déi soll an d’national Verfassungen, oder an équivalent juristesch verbindlech Texter agefouert ginn. Mir sollen dat maachen, well mir hu jo keen Intérêt drun als eent vun deenen Eurolänner, déi deen nidderegsten Defizit hunn, an déi nidderegst Staatsschold hunn, eis ze distinguéieren op deem Plang. Déi Regel ass jo de bons sens, a mir applizéieren se souwisou.
Ech sinn awer aus iwwergeuerdneten, staatspolitesche Grënn dogéint, fir dat an eng Verfassung ze schreiwen. Ech si mir mam Finanzminster, a mam Ausseminister driwwer eens ginn, datt mir dat an ee Gesetzestext solle schreiwen, deen nëmme mat enger besonnescher qualifizéierter Majoritéit kann ofgeännert ginn.
Eis Verfassung ass keen Text, deen inhaltlech Politike beschreift, heiansdo orientéiert en, mä et ass een organeschen Text, een Text deen de Staat a sengem Fonctionnement organiséiert, an net inhaltlech Virfestleeungen, mat Ausnam vun de grousse Prinzipien, Mënscherechter an esou virun, beinhalt.
An duefir, well Dir hoffentlech dat alleguer geliest hutt, fillen ech mech Zeil fir Zeil mat engem Artikel an Iwwereestëmmung, déi de Kolleg Alex Bodry där Deeg an där Zeitung, déi him fréier nostoung, geschriwwen huet iwwer déi Fro, déi mir hei amgaange sinn ze behandelen. Mir fannen doriwwer tëscht der Regierung an dem Parlament eng Regelung. Ech zweiwele kee Moment dorun.
Mä ech wollt just soen, mir schreiwen et net an d’lëtzebuergesch Verfassung.
Mir hätte gären, datt awer een einheitlechen Text eis emol zur Kenntnis bruecht gëtt iwwer déi inhaltlech Elementer, déi inhaltlech Artikulatioun vun där gëllener Regel, fir datt déi a gläichen Termen an allen Texter kann ëmgesat ginn.
Well ee schnellt Liese vun der Scholdebrems an der polnescher Verfassung, an der däitscher Verfassung, an der spuenescher Verfassung, an der ugeduechter éisterräichescher Verfassung, weist riseg Ënnerscheeder konzertueller Natur a beschreiwender Natur tëscht deenen eenzelne konstitutionellen Dispositiounen, déi d’ailleurs vun der europäescher Cour de justice nëmmen dahingehend kënnen iwwerpréift ginn, ob dann all Memberstaat an engem Text konstitutionnellen Zouschnëttes déi Scholdebremsregelen an d’nationalt Recht iwwergefouert huet. Déi och vun Däitschland penetranst geäussert Meenung iwwer déi lescht Méint, wann den europäesche Geriichtshaff Verstéiss géint d’Budgetsregele kënnt iwwerpréiwen a sanktionéieren, ass natierlech net vum Conseil zeréckbehale ginn. Ech weess net méi richteg wie sech do duerchgesat hat, et ass jiddwerfalls net zeréckbehale gi vum Conseil européen.
Mir hunn eis drop verstännegt, dem Internationale Währungsfong supplementar finanziell Ressourcen zouzeféieren an der Héicht vun 200 Milliarden Euro fir all EU-Staaten, an der Hoffnung, déi och opgeet, datt aner Partner weltwäit sech un der Opstockung vun de Ressourcë vun dem Internationale Währungsfong bedeelegen, souzwar datt den Internationale Währungsfong méi Mëttelen zur Verfügung huet, fir an der Eurozon ënnert strikten Conditionalitéite weider sech no uewen korrigéierend Interventiounen ze tätegen.
Ech ginn dovun aus, datt dat, dat ass awer esou net festgehale ginn, mä esou ass dat awer, datt d’Eurostaate fir 150 Milliarden Euro musse riichtstoen.
Ech wëll dovun ausgoen, datt d’Opbrénge vun deene bilaterale Prêten, déi d’Euro- an EU-Staaten, plus anerer, dem Internationale Währungsfong zoukomme loossen, sech mussen no dem Opdeelungsschlëssel, dee souwisou beim Internationale Währungsfong spillt, gemaach gëtt. Dat géif fir Lëtzebuerg heeschen, datt mir tëscht 1,5 an 2 Milliarden Euro mussen als lëtzebuergesche Beitrag zu der Stärkung vun de Ressource vum Internationale Währungsfong bereetstellen.
Ech wollt dem Haus soen, datt mir nach keng festgezurrte Meenung hunn iwwer de Wee wéi een dat ka maachen. Mir befannen eis, wéi déi aner europäesch Länner och, a Verhandlungen, a Gespréicher, loosse mir emol esou soen – well mat enger onofhängeger Zentralbank kann ee jo net verhandelen, et dierf ee just mat hir schwätzen – mat eiser Zentralbank driwwer, wéi déi Zomme kënnen zur Verfügung gestalt ginn, iwwer Prêten, déi de Staat direkt mécht, iwwer Prêten déi d’Zentralbank mécht, iwwer Prêten déi d’Zentralbank mécht an déi mir mat enger staatlecher Garantie mussen ënnerleeën.
Mir schwätzen och ufanks Januar mat der Chamber do driwwer, an esou bal mir Arrangementer mat der Zentralbank fonnt hunn, déi och sech aklénken an d’Gesamtarrangement, wat d’Geldpolitik an d’Budgetspolitik an der gesamter Eurozon muss erbäiféieren, befaasse mir d’Parlament selbstverständlech mat där Fro. Well ech mengen, ob dat elo direkt Sue sinn déi fléissen, wat ech net mengen, oder Prête sinn, oder Prête sinn déi garantéiert ginn, dat kann een net ouni parlamentaresch Aussprooch, wahrscheinlech och parlamentaresch Approbatioun maachen. Mir wëlle jiddwerfalls deen do Deel vum Pak vum 8. an 9. Dezember net ouni eist Parlament, ouni eis Chamber ëmsetzen.
Wichteg ass prinzipiell, datt mir elo eng Debatt als Debatt op een Enn gefouert hunn, déi sech ronderëm d’Koordinatioun vun der Wirtschaftspolitik dréint. Koordinatioun vun der Wirtschaftspolitik hu mir nach net.
Mir hunn elo gesot, autoprogramméierend, datt den europäesche Conseil, op jiddwerfalls de Conseil vun de Regierungschefe vun dem Euroraum, d’europäesch Wirtschaftsregierung ass. An duefir gëtt jo elo gesot, mir sollen eis um Niveau vun de Regierungschefen ee Mol de Mount treffen. Ech gesinn deem mat Spannung entgéint. Ob dat dann och esou geschitt, an ob dat dann och esou ergiebeg ass, wéi elo gemaach gëtt, datt dat kënnt sinn, do hunn ech Recht Zweiwelen, déi ech och artikuléiert hunn.
Well wann da Lëtzebuerg virgeschriwwe géif kréien, seng Indexéierung ofzeschafen, da brauche mir jo doriwwer eng Debatt vu 4 Stonnen. A wann iwwer Slowenien geschwat gëtt, an iwwer d’Belsch, an iwwer d’Indexéierungsklauselen am spueneschen Tarifrecht, da brauche mir jo 5 oder 6 Stonnen.
Dat heescht, wie wëllt Wirtschaftsregierung sinn, dee muss sech och mat dem Wësse bewaffnen, wat ee brauch, fir kënne sech an intim wirtschaftspolitesch Prozesser vun deenen anere Memberstaaten anzemëschen, wat mir musse maachen, mä wou ech net weess, ob d’Regierungschefen déi sinn, déi am beschte gestallt sinn, fir dat ze maachen.
Mä mir hunn eis prinzipiell dorop gëeenegt, an ech géif gären duefir plädéieren, datt mir dat a) gutt verstinn, a b) och, net enthousiastesch, awer mat festem Wëlle begleeden.
Mir hunn ee groussen Intérêt drun, datt et zu enger méi staarker Verzahnung vun der Wirtschaftspolitik an deenen eenzelne Memberstaate vun der Eurozon kënnt. Well dat wat deen ee mécht, huet Auswierkungen op deen aneren. An dat wat deen een ënnerléisst, huet negativ, oder positiv Auswierkungen op deen aanere. An duefir gëtt et noutwenneg, datt mir eng ex-ante Discussioun iwwer déi eenzel Bugetsprojetë féieren, a gëtt et noutwenneg, datt mir iwwer all gréisser Reformschrëtt, déi e Land wielt, gemeinsam an der Eurogrupp doriwwer diskutéieren.
Ech ginn Iech emol ee Beispill aus der Vergaangenheet. Däitschland huet 2005 décidéiert säin Normalsaz bei der TVA vu 16% op 19% unzehiewen. Och en historesche Kompromëss, well d’SPD hat gesot, d’TVA muss stoebleiwen, an d’CDU hat gesot, si gëtt zwee Prozent erhéicht, doraus gëtt dann an enger grousser Koalitioun eng Erhéijung vun 3%, dat ass normal, déi eegen Arithmetik déi grouss Verbänn charakteriséiert. Mä déi Tatsaach, datt Däitschland seng Mehrwäertsteier mam Regelsaz vu 16% op 19% ugehuewen huet, hat während engem Joer, an der Moyenne vun der Eurozon, eng 0,3%eg Inflatiounserhéijung zur Folleg. Wat déi aner hätte misse wëssen, wéi se hir Budgetë gemaach hunn, datt se mat enger importéierter Inflatiounsmaximéierung, bedéngt duerch eng unilateral getraffen däitsch Décisioun, confrontéiert géife ginn. An déi Froen, an anerer, muss ee selbstverständlech zesumme bespriechen.
Deen Terme Wirtschaftsregierung ass nach virun annerhalwem Joer wéi eppes ëmfonnt ginn, wat aus der obszöner Zauberkëscht vun der Europapolitik géif iwwer eenzel Landstrécher, net wäit vun hei ewech ugesiddelt, erabriechen, well vill Länner géint d’Wirtschaftsregierung sinn, a géint eng Maximéierung vun der Koordinatioun vun der Wirtschaftspolitik.
Ech hu fir déi Wirtschaftsregierung, an deem mir d’Wuert gebraucht hunn, 1991 plädéiert, wéi mir de Vertrag vu Maastricht gemaach hunn. Et muss een dat heiansdo an Erënnerung ruffen – et war jo keen dobäi, vun deenen déi elo do sinn – datt den Här Delors dat wollt, den Här Maystadt, deemolegen belsche Finanzminister, a jëtzege President vun der Europäescher Investitiounsbank, de Pierre Bérégovoy, dee leider dout ass, an ech selwer. Mir waren duefir, datt ee wuel kéint soen, d’Wirtschaftspolitik ass national, mä datt mir eis misse Mechanismen an d’Hand ginn, fir d’Koordinéierung vun deenen nationale Wirtschaftspolitiken am europäesche Sënn ze maachen. Déi mussen, déi national Wirtschaftspolitiken, am allgemengen europäeschen, haaptsächlech Euroraum-Interesse sinn.
An dat gëtt haut beschriwwen, vun eenzelnen, als de Gebuertsfeeler vun der Währungsunioun, datt dee geldpoliteschen Aarm muskléiert ginn ass duerch déi onofhängeg, zentral agéierend Europäesch Zentralbank, an datt dee wirtschaftspoliteschen Aarm schwaach bleift, well deen eigentlech aus 17 Fangere besteet, a keng richteg Aarm- an Hiewelwierkung mangels effizienter Koordinéierung, huet.
Net Lëtzebuerg, an net Frankräich hunn 1991 d’Wirtschaftsregierung an d’Koordinatioun vun der Wirtschaftspolitik ofgeleent, dat war Däitschland, dat war Éisterräich, déi informell dobäi waren, well si ware jo nach net Memberstaat, an dat war och Holland. Wann ech also haut gesi mat wat fir enger Begeeschterung datt Eenzelner sech an d’Wirtschaftsregierung stierzen, da muss een en extrem héifleche Sänger sinn, fir kee Géigechouer unzestëmmen, wann een dat alles gesäit.
Eng aner Remarque, déi mir wichteg ass, léif Kollegen, dat ass déi hei. Ech halen d’Haushaltskonsolidéierung an allen Eurostaaten, och heiheem, a virun allem an deene Staaten, déi ënner ze héijen Defizitter, an ze héijer Schold leiden, fir alternativlos. Ech gebrauchen dat Wuert net gären, well et ass, nodeem dat an déi däitsch Debatt agefouert ginn ass, e bëssen, am merkelsche Sënn iwwerconnotéiert, soe mir emol, fir optiounslos. Wann d’Staaten hir ëffentlech Schold net ofbauen, wa se hir Defizitter net ënner Kontroll kréien, da gi mir e schwéiere Wee, an da bleiwe mir net nëmmen ënner Beobachtung vun deene mat der Lupp agéierende Ratingagenturen, da brénge mir et net fäerdeg eis als eng crédibel Währungszon, an als crédibel Eenzelakteuren an der Währungszon nobaussen hin duerzestellen. Wa mir eis Defizitter, an eis Scholdestänn net ënnert Kontroll kréien, da ginn ech vu Pessimismus, wann ech mir d’Saach perspektivesch ukucken, befall, well mir da keng richteg Iwwerliewenschance hunn. An dee grousse Feeler ass, datt mir d’Instrumenter net haten, fir d’Iwwerverschëldung, an d’Iwwerdefizitéierung vun de Staaten ze verhënneren.
Ech kritiséiere keen, mir hunn dat jo och hei gemaach, iwweregens mat der Zoustëmmung vum gesamten Haus, datt een an der Kris antizyklesch Politike muss maachen, a wann d’Privatnofro ausfällt, datt een da muss déi ëffentlech Nofro stäerken, fir datt d’Wirtschaft net ofsackt. Datt een also eng klassesch antizyklesch Politik gemaach huet, déi huet net zur Verschëldung gefouert, et waren déi Scholdestänn, déi virdrun do waren, déi an der Kombinatioun mat der Banken- a Finanzkris, a mat der Scholdekris elo zu deem Elendszoustand gefouert hunn, an deem eenzel Länner sech befannen. An duefir muss een d’Ursaache vun der Kris bekämpfen.
An d’Ursaache vun der Kris sinn onorthodox Budgetspolitiken. An déi déi sech nach a relativ orthodoxem Gewässer befannen, solle sech déi negativ Geschicht vun deenen, déi de Moment bal un der Finanzlaascht, an un der Scholden- an Zënslaascht erstécken, ganz genee ukucken, fir net eng Politik an déi selwecht Richtung ze bedreiwen.
An duefir och bei der golden rule, bei der Scholdebrems muss kloer sinn – jiddwerfalls fir mech ass dat kloer, fir d’Regierung och – wann een eng Scholdebrems mécht, muss déi natierlech otme kënne mat dem wirtschaftlechen Zyklus. Dat muss iwwer ee ganze Konjunkturzyklus goe vun dräi, véier Joer. A wa mir an eng rezessiv Phas erakommen, wouranner Holland elo schonn erëm ass, a vu wou mir net extrem wäit ewech sinn, da muss ee kënne Scholden ophuelen, fir datt een de wirtschaftleche Circuit normalerweis um Lafe behält.
D’Scholdebrems dierf keng Wuesstemsbrems ginn. An déi déi menge Scholdebrems wier en Anti-Wuesstemsprogramm, déi hunn entweder Wuesstemspolitik oder Scholdevermeidungspolitik net richteg verstanen. Mir mussen oppassen, jee nodeem wéi mir redigéieren, datt mir net an déi Fal do erantrappen.
Firwat soen ech dat? Ganz einfach, fir menger Iwwerzeegung nach eng Kéier och heibannen emol eng Kéier Ausdrock ze ginn, datt et esou wichteg wéi d’Haushaltskonsolidéierung ass, an ech hale se, wéi gesot, fir optiounslos, esou wichteg ass et och, datt mir net nëmmen an deene Länner, déi de Moment schlecht dru sinn, mä am ganzen Euroraum, well deen ass wuesstemsschwaach fir de Moment, zu enger europäesch ofgestëmmtener Wuesstemspolitik kommen.
Déi déi mengen, Griichenland, Spuenien, Italien, Portugal, Irland, d’Belsch géifen nëmmen doduerch erëm op d’Bee kommen, datt massiv agespuert gëtt, déi iere sech. Wa se net massiv aspueren, komme se net op d’Been, mä wann nëmmen agespuert gëtt, ouni datt sech parallel dozou mat enger europäescher Wuesstemsstrategie beschäftegt gëtt, déi deene Länner erëm Elan ginn, fir an d’Zukunft ze kommen, an iwweregens och de Mënschen, déi an deene Länner wunnen, emol erëm eng Hoffnung gëtt, datt et engesdaags ka besser goen, déi iere sech fundamental.
An duefir hunn ech zu Bréissel d’lescht Woch beantragt, datt wa mir eis elo ee Mol de Mount treffen, datt mir spéitstens beim zweeten Treffen eis mam Thema europäesch Wuesstemsstrategie ausernee setzen. Elo hu mir jo all déi budgetär Regele festgeluegt, da solle mir eis elo emol mam zweete Standbee vum Weiderkommen an d’Zukunft era beschäftegen. An dat ass eng orientéiert, gutt cibléiert europäesch Wuesstemspolitik.
An ech soen Iech datt d’Staaten, och déi déi gutt dru sinn, net exzessiv vill Geldiwwerschoss de Moment hunn, datt et nëmmen ee Wee gëtt fir dat ze maachen, an dat ass d’Lancéieren – wann ee schonn net wëll, fir an der Scholden- an Zënsekris zur Léisung bäizedroen, datt een Eurobonds émettéiert an Europa – fir grouss ëffentlech Investitiounen kontinentalwäit ze finanzéieren, fir datt mir duerch d’Verstärkung vun de Mobilitéitsweeër, duerch d’Vergréngung vun der europäescher Wuesstemspolitik, déi Wuesstemselementer an déi eenzel national Wirtschaftsraim eranzeimplizéieren, déi mir brauche fir datt mir hei vun der Plaz kommen.
An duefir soen ech Konsolidéierung, jo, mä Konsolidéierung mécht perspektivesch nëmme Sënn, wa se mat adequaten wuesstemspoliteschen Impulser begleet gëtt. An dorunner soll d’Europäesch Unioun an d’Eurozon mindestens mat esou vill Energie schaffen, wéi mir elo dru geschafft hu fir d’Grondarchitektur am Disziplinarraum esou anzeriichten, datt se fir jiddweree verständlech gëtt.
Ech bleiwen der Meenung, mee ech soen dat net méi haart, datt an der Kris, déi mir hunn, d’Aféierung vun Eurobonds och een Deel vun der Gesamtäntwert hätt kënnte ginn.
Ech hunn dat d’lescht Joer am Dezember mam italienesche Finanzminister lancéiert, déi Eurobondsgeschicht. Mir hunn en Artikel zu Tripolis geschriwwen, iert ech op Tunis geflu sinn – dir hutt jo gesinn, wat duerno an deenen zwee Länner geschitt ass – mä fir mech bleift dat an Erënnerung doduerch, datt mir deen Artikel, deen den Här Tremonti an ech –deen och schonn net méi do ass d’ailleurs – iwwer déi Eurobonds geschriwwen hunn. Dat ass an Däitschland an an anere Länner einfach wéi eng Karikatur behandelt ginn, well gemengt gëtt – och eenzel Stëmmen zu Lëtzebuerg iwweregens haten dat och gemengt (…). Et ass net esou, datt déi Eurobonds, richteg gemaach, géifen zu enger Vereinheitlechung vun den Zënssäz féieren. Et misst ee jo vum Lemmes gebass sinn, fir iwwerall an Europa, ouni op d’Ursaache vun der Verschëldung, duerch d’Mutaliséierung vun de Scholdestänn dozou ze kommen, datt all Länner dee selwechten Zëns géife bezuelen. Dat géif schonn eng Zënsdiffferenzéierung bleiwen tëscht héichverschëlte Staaten, an nidderegverschëlte Staaten, wéi Däitschland a wéi Lëtzebuerg.
Mä et hätt dee groussen Avantage, datt mir ee groussen europäeschen Obligatiounsmaart hätten, 80% vum amerikaneschen Obligatiounsmaart, deen eis onheemlech géif hëllefe fir Kapital an Europa unzezéien, mat deem Kapital hei an Europa ze schaffen, statt datt mir mussen nokucken, wéi europäesch Investisseuren amerikanesch Staatspabeieren kaafen, obschonn Amerika jo den Triple A vun enger Ratingagentur ewech geholl kritt huet.
Mir bleiwen op deem Thema drun. Dat ass net explizit zeréckbehale ginn, mä wann dir de Paragraph 7 vun de Conclusiounë vun dem europäesche Conseil liest, an déi Aufgabestellung, déi den Här Van Rompuy, den Här Barroso an ech kritt hunn, da mierkt dir, datt duerch déi kleng Hannerdier déi Eurobonds erëm monter eramarschéieren. Ech fäerten och am Mäerz komme se awer net op dem europäeschen Tapis un, well nach iergendeen hinnen deen Tapis ënnert de Féiss wäert ewechzéien.
Mä deen Thema bleift een Thema deen net zur kuerzfristeger Behiewung vun der Kris kënnt bäidroen, mä deen ënnert der Viraussetzung, datt mir a Saache Fiskalunioun, a Koordinéierung vun der Wirtschaftspolitik grouss Fortschrëtter maachen, duerchaus een Element vun der Gesamtäntwert ka sinn.
Grad wéi och d’Finanztransaktiounssteier a mengen Aen – ech weess, datt déi Positioun vu villen zu Lëtzebuerg net integral gedeelt gëtt – eng Gerechtegkeetsevidenz ass, déi emsou méi evident elo gëtt, wou mir dem gesonde Mënscheverstand folgend, d’Privatsecteurbedeelegung bei der Krisebewältegung prinzipiell ausgeschloss hunn. Et muss elo esou sinn, datt duerch d’Finanztransaktiounssteier, oder eng aner Form vu Besteierung vun der Finanzindustrie dee Secteur méi mat an d’Kollektivfinanzéierungsresponsabilitéit vun de Bewältegungskäschten vun der Kris eragezu gëtt.
Ech hunn iech elo op e puer Punkte wëllen opmierksam maachen, ouni op alles anzegoen. Ech weess, datt dat vill méi een ëmfaassend Thema ass, wéi dat wat ech hei behandelt hunn. D’lëtzebuerger Regierung huet hei net ëmmer dat selwecht gesot wéi de President vum Eurogrupp. Dat ergëtt sech um verschiddene Status vun deenen handelnde Persounen. Mä dat wat mir gemaach hunn, vum nationale Standpunkt aus betruecht, hunn ech an enkster Zesummenaarbecht mam Finanzminister gemaach, och oft no Récksprooch mat dem Ausseminister.
An ech hunn hei och dem lëtzebuerger Directeur du Trésor, dem Här Dokter Georges Heinrich Merci ze soen, fir seng wäertvoll Beiträg, déi eis vill gehollef hunn, souwuel an Europa, wéi och hei zu Lëtzebuerg, fir mat deenen Themen do, op een net endgültegt gutt Enn, mä op ee provisorescht, an déi richteg Richtung weisend gutt Enn ze kommen.
Wësst dir, léif Kollegen, hei leeft een ëmmer d’Gefor, dat kann ee jo och net anescht maachen, fir esou an den technesche Fäinheete vun deenen Dossieren ënnerzegoen, an ech hunn der haut net vill hei opgezielt, well et gëtt der onendlech méi, a si sinn och heiansdo net richteg gutt an definitiv ze verstoen. Et geet hei leschten Enns em eppes ganz aneschtes. Et geet hei drëm ob déi Währung do, déi mir hunn, ob déi gutt an d’Zukunft kënnt, oder ob se beschiedegt an d’Zukunft kënnt, oder ob se iwwerhaapt an d’Zukunft kënnt. Ech gleewen drun, och well mir virun 20 Joer bal Dag fir Dag dee Maastrichter Vertrag definitiv ausgehandelt hunn, datt déi Währung et derwäert war gemaach ze ginn, well nach ni an der Geschicht vun der Mënschheet ass et 17 Länner gelongen hir national Währungen an eng einheitlech Währung ze fusionnéieren.
Stellt iech eng Sekonn vir an dëser Wirtschats- a Finanzkris hätte mir misse mat 17 nationale Währungen, woubäi mir emol keng eege gehat hätten, untriede fir mat deenen, sech och ouni Währungsunioun globaliséiert presentéierten, net nëmme positiv schaffende Finanzkräften op der Welt eens ze ginn. Mir wieren haut net méi do.
An ech soen, ouni eis belsch Noperen – deene meng besonnesch Sympathie haut besonnesch ausgeprägt ass, wéinst deem Schreckleche wat gëschter geschitt ass – stellt iech emol vir, déi lescht 565 Deeg, matten an der Wirtschafts- a Finanzkris, hätte mir de belsche Frang gehat, wat mengt dir, wat elo nach vum lëtzebuergesche Frang iwwereg wier, wann et net den Euro ginn hätt, deen d’Belsch geschützt huet an hirer Unvernunft fir sech ze eenegen, an deen eis geschützt huet doduerch, datt mir méi staark sinn duerch eng gemeinsam Protektiounsmauer, déi mir aus eegener Kraaft, an och net mat der belscher Hëllef, jeemools hätte kënnen opriichten?
A wann deen Euro fällt, an dee fällt net, well deen huet Bestand, dann ass dee ganzen europäeschen Integratiounsprojet a senger Substanz, an a senger Essenz menacéiert. Ech hunn déi dramatesch Zukunftsbiller net gären. Mä ech si fundamental dovun iwwerzeegt, wa mir deen Euro do net an deenen nächste Joeren zukunftsfäeg erhalen, datt dann déi gesamteuropäesch Integratioun erëm a Stécker zesummefällt.
Mir waren als Europäer am Ufank vum 20. Joerhonnert 20% vun der Weltbevëlkerung, am Ufank vun dësem Joerhonnert ass et nach 11% Europäer op der Welt ginn. Mir sinn net d’Häre vun der Welt, mir waren et nach ni, an dee Moment wou mir gemengt hu mir waren et, du war net zum Gudde vun der Welt. Dat war am 18. an 19. Joerhonnert, dat war net schrecklech gutt wat mir do geleescht hunn. An der Mëtt vun dësem Joerhonnert gëtt et nach 7% Europäer, an um Enn vun dësem Joerhonnert gëtt et nach ganz genee 4% Europäer.
Wa mir elo mengen, et wier elo gescheit sech an all deene Populismen ze wänzelen, déi iwwerall sech Gehéier verschafen, wa mir elo mengen, elo wier de Moment komm wou mir ëmmer manner ginn, fir eis erëm a Stécker ze zerleeën, fir eis erëm an déi national Eegenaarten esou ze verléiwen, datt mir nach just déi gesinn, an net méi dat Mateneen, déi Pflicht zum Mateneen op dësem gefolterte Kontinent nei ze entdecke fir déi nächst Generatiounen, dann hu mir Essentielles net verstanen.
Déi europäesch Integratioun, dat ass net nëmmen d’Wierk vun Adenauer, Bech, de Gasperi, an alles wat mir do haten. Et ass virun allem d’Liewenswierk vun der Generatioun vun eisen Elteren, déi aus de KZer komm sinn, a vun de Fronten zeréckkomm sinn, an déi gesot hunn, dat doten ni méi! Mir sollen dorun denken!